Fréijoer
Den Tagebau
D’Eisenerz huet eist Land räich gemaach. Een Deel dovun ass uewerirdesch mat Sprengungen, Maschinnen a vill mënschlecher Kraaft aus dem Buedem geholl ginn. Mär man eis op d’Sich no de Spuere vum Tagebau um Prënzebierg.
De Liewensraum Buedem
Wat lieft alles am Bueden, ënnert engem Steen, an engem ale Bamstamm, ënnert Blieder asw…..? Alles dat kucke mir zesummen a versichen déi Deieren déi mer fannen ze bestëmmen.
De Liewensraum Baach
Mir gi bei d’Crosnière zu Lasauvage a kucken wat fir Déieren alles do am Waasser liewen. Mir kucken op d’Baach net zevill verknascht ass a fëschen natierlech och Insektelarven, kleng Fësch, Baachkriibsen asw…., nëmme fir se kennen ze léieren a se duerno erem an d’Baach ze loossen.
De Kiemerchen mat sengem Patrimoine industriel, culturel an naturel
Mär ginn duerch dat vergiessent, romantescht, flott Dall a léieren eppes iwwert d’Geschicht a wat hei fréier gemaach gouf, iwwert den Naturschutz an doriwwer, firwat een esou Plaatze schütze soll. Fotoapparater matbrénge fir di spektakulär Spure vun der Vergangenheet – wi d’Ruine vun der Goar am Adlergronn- festzehalen! Täscheluut matbrénge fir duerch deen ale verloossenen […]
De Fréijoersbësch
Mir machen ee flotte Spazéiergang duerch de Bësch. Mir sichen och no deenen éischte Frühblüher, lauschteren op mer scho Villercher héieren a maachen natierlech och e puer Spiller ënnerwee.
De Bauer, Produzent vun eise Liewensmëttelen
(Nëmme fir Klassen aus der Gemeng Déifferdeng) Um Scheierhaff zu Zolwer. Mär besichen ee Mëllechbauer a loossen eis erklären wat d’Oarbecht vum Bauer ass. Mär kucke, wei d’Kéi gestrach ginn a kënnen eventuell och bei e puer Oarbechten eng Hand mat upaken.
Birdwatchday
Mir huelen eis Spektiven an eis longue-vue mat eraus a maachen eis op d’Sich no interessanten a flotte Villecher. Dës Unitéit kann och emol op enger anerer Plaatz duerchgefouert ginn falls zu enger bestëmmter Zäit op enger bestëmmter Plaatz interessant Villecher ze gesinn sinn (z.B. Haff Réimech, Giele Botter, Kiermerchen….)
Bionik
Zwësche Biologie an Technik. Wat kann de Mënsch der Natur ofkucken a fir d’Technik gewannen?
Naturschoul