Cycle 4
Eis Gräifvullen
D’Kanner mengen dacks en Adler iwwert dem Feld gesinn ze hunn. Mee woar et net awer en Héngerdéif? Oder ass den Héngerdéif net éischter ee Bussard? Eng Rei Gréifvigel liewen nach bei eis am Land. An der Naturschoul kënne mer eis se vu ganz no ukucken, ouni dass se fortfléien ( a jo- et si […]
Eis Chiers, eng lieweg Bach 2. Deel
Mär trëppele laanscht d’Kor, vun der Biff bis op Athus. Ënnerwee kucken, richen, moossen an analyséiere mer d’Waasser. Ab Klass 3.2
Eis Chiers, eng lieweg Bach 1. Deel
Mär trëppele vum Korspronk zu Uewerkuer bis an de Parc de la Chiers zu Déifferdeng. Ënnerwee kucken, richen, moossen an analyséiere mer d’Waasser. Ab Klass 3.2
Eilen an aner grouss Vigel
Wei eng Eilen an aner grouss Vigel ginn et bei eis a wéi liewen se . . .
E Besuch um Beiestand
An eisem neie Beienhaus begéine mer Dausende vu Beien, sichen hir Kinnigin, loossen en Drohn iwwert eis Hand krabbelen, kucken de Meedecher beim Schaffen no a schmaachen e bëssen Hunneg, deen si eis “schenken”. Och wëlle mer wëssen: Wéi bauen si hir Waben? Woumat fidderen si hir Kleng? Wat ass Propolis? A vläit däerf haut […]
Den Tagebau
D’Eisenerz huet eist Land räich gemaach. Een Deel dovun ass uewerirdesch mat Sprengungen, Maschinnen a vill mënschlecher Kraaft aus dem Buedem geholl ginn. Mär man eis op d’Sich no de Spuere vum Tagebau um Prënzebierg.
Den Hierschtbësch
Ee flotte Spazéiergang duerch den Hierschtbësch. Ënnerwee maache mir flott Spiller a kucken eis dei flott Hierschtfoarwen am Bësch un…..
De Päiperlek
Wei entsteet ee Päiperlék, wou fanne mer Raupen, wat ass eng Popp….? Mir maachen eis op d’Sich nom schéinste Päiperlék.
De Liewensraum Buedem
Wat lieft alles am Bueden, ënnert engem Steen, an engem ale Bamstamm, ënnert Blieder asw…..? Alles dat kucke mir zesummen a versichen déi Deieren déi mer fannen ze bestëmmen.
De Liewensraum Baach
Mir gi bei d’Crosnière zu Lasauvage a kucken wat fir Déieren alles do am Waasser liewen. Mir kucken op d’Baach net zevill verknascht ass a fëschen natierlech och Insektelarven, kleng Fësch, Baachkriibsen asw…., nëmme fir se kennen ze léieren a se duerno erem an d’Baach ze loossen.
Naturschoul