Cycle 4

Kelten a Réimer um Tëtelbierg

September 16, 2014 Naturschoul Aktivitéiten

Hei besteet d’Méiglechkeet un der Kelten- a Réimerwoch an Zesummenaarbecht mat der Technikschoul Deel ze huelen. Mär maache Feier wi deemols, präge Mënzen am réimesche Stil, zwaffen eng keltesch Fibel a spille wi di réimesch Kanner (-a Légionnairen?). Mär man dat um Site vun den Ausgruewungen um Tëtelbierg selwer.  

More

Cycle 4Summer

Kachen a Brachen

September 16, 2014 Naturschoul Aktivitéiten

(Leider nëmme fir Klassen aus de Gemengen Déifferdeng a Péiteng) Ab de Klassen 3.2. (fir di Aal: = vum 4.Schouljor un) Als Spëtzegastronomen iwwerleeë mer eis natierlech bei allem, wat mer iessen, wou et hirkënnt. Eise Menü soll all d’Facette vu Liewensmëttel enthalen, déi de Mënsch brauch. Menu du Jour actuel Geméiszopp , alles an […]

More

Cycle 3Cycle 4HierschtWanter

Insekten

September 16, 2014 Naturschoul Aktivitéiten

Ass d’Spann da lo eent oder net? A kënne se all fléien oder net? Bäisse se? Si se nëmme gutt als Vullefudder? Mär kucken eis eng Rei Insekten un a vergläiche se, fanne Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder. Mär fanne se am Goart, am Bësch, am Weier – an am Schoulsall.

More

Cycle 1Cycle 2Cycle 3Cycle 4FréijoerSummer

Hecken

September 16, 2014 Naturschoul Aktivitéiten

Mir sichen a sammelen Hecken an Heckefriichten a probéieren eis e pure Nimm ze verbalen an d’Uwendungen vun deene verschiddene Friichten besser kennen ze léieren….

More

Cycle 3Cycle 4Hierscht

Naturschutzgebitt Prënzebierg a Giele Botter

September 16, 2014 Naturschoul Aktivitéiten

D’Geologie, d’Fauna, d’Flora vun den alen Tagebau-Gebitter. Wéi eruewert séch d’Natur eng Landschaft erëm, di de Mënsch mat Gewalt ëmgekrempelt hat? Wéi komme Muschelen op de Bierg? Firwat fanne mer hei sou vill Orchideeën? …

More

Cycle 4FréijoerSummer

Fossilien

September 16, 2014 Naturschoul Aktivitéiten

Wat ass ee Fossil? Wéi kënnt en Déier an e Steen? Ween huet Muschelen zu Zowaasch vergruef? Mat Hummer a Meessel gi mer op d’Sich. ab Klass 3.2     

More

Cycle 4FréijoerHierschtSummer

Flëntermais

September 16, 2014 Naturschoul Aktivitéiten

Ass et e Vull? Ass et eng Maus? Nee – et ass eng Flantermaus! Mär kucke se vu ganz no (ausgestoppt), lauschteren hir Kreesch, léiere, wéi si héieren, probéieren ze verston, wéi si sech orientéieren a ginn erau skucken, op wéi enge Plazen si sech verstoppen. A vläit – mat ganz vill Chance-gesi mer eng […]

More

Cycle 3Cycle 4FréijoerHierschtWanter

Evolutioun

September 16, 2014 Naturschoul Aktivitéiten

D’Natur woar net ëmmer wi se lo ass. Wou kënnt de Mënsch hir? Si mer net och e bësse Famill mam Dinosaurier? Wat huet dat Stéck Kräid mat deem mer un d’Tafel schreiwen mat den Déier am Mier ze dinn, dat virun laanger Zäit mol eis Géigend bedeckt huet? Wéi kënnt een Insekt an ee […]

More

Cycle 4FréijoerHierschtWanter

Eng Rees duerch den Universum

September 16, 2014 Naturschoul Aktivitéiten

Vun der Äerd duerch eise Sonnesysteem mat senge Planéiten, Mounden an Asteroiden bis bei d’Stären. Mat ville Filmer, Biller, Modeller, Spiller luusse mer an eist Universum eran.  

More

Cycle 4FréijoerWanter

Ekeldéier

September 16, 2014 Naturschoul Aktivitéiten

Iiii, eng Spann! Schlaangen, Schleeken, Raten oder all méiglech Krabbeldéier gi vu ville Kanner- an Enseignanten- gefoart a léisen dacks Ekelgefiller aus. Mär probéieren di Gefiller ze verston an ze versachlechen. A vläit kann dono deen een oder aneren dat fantastescht Bauwierk vum Spannennetz an di wertvoll Oarbecht vum Reewuerm am Goart mat aneren A […]

More

Cycle 1Cycle 2Cycle 3Cycle 4FréijoerSummer

« Previous Posts Next posts »

Powered by http://wordpress.org/ and http://www.hqpremiumthemes.com/