Cycle 2
Recyclingzenter Déifferdeng
Dir maach eng Visitt vun enger gudder Stonn um Recyclinghaff. Et ass keen vun der Naturschoul derbäi. Mir organiséieren iech awer den Transport. An de Woche virdrun kënnt dir och an der Schoul Material sammelen fir duerno am Recycling “richteg” ofzeliwweren
Waasservullen
Um grousse Weiher zu Lasauvage hu sich ewell eng ganz Reih interessant Wasservulle nidder gelooss. Mir maachen eis op d’Sich no hinnen a léieren och wei se liewen.
Ween ass de Meeschter an der Nuet?
Eilen? Oder Nuetspäiperlécken? oder awer d’Flëntermais? Am flottsten ass dëst Thema natierlech am Däischteren. Vläit ass eng Klass am Séjour am centre d’hébergement intresséiert eng Kéier owes erauszegon?
Vullen am Wanter
Di eng flüchten, di aner bleiwen hei. Soll een se fidderen? A wa jo, mat wat? Mär sichen se a kucken se. Wann Zäit ass, baue mer ee Fudder-Aascht.
Seejomëss
Seejomes, Jeesomes, Jäjomes, Seechmummes, Omes …, vill Nimm fir dat wibbelegt Insekt, dat eis Kanner gär Ameis nennen. Mär ginn op d’Sich no hiren Näschter a léieren all Méigleches, vun hirer grousser Kraaft bis bei d’Fro, ob all Jeejomes eng Kéier an hirem Liewe Flillécken huet.
Natur am Wanter
Di verschidde Strategien vun den Déier an de Planzen fir de Wanter ze iwwerliewen. Mär ginn an de Bësch, un de Weier a bei d’Beienhaus.
Am Goart: Muerten, Poretten a co…
Wat muss alles am Gaart geschafft ginn? Wat heescht repikéieren, séinen, kappen, reechen, asw. – a wéi mécht een dat?Dat alles léiere mer an eisem Schoulgoart dem “Paradäis”
Mär maache Viz
Et besteet och d’Méiglechkeet ee Kelter an d’Schoul geliwwert ze kréie fir selwer Viz ze maachen.
Nature-Art, Land-Art
Konscht an a mat der Natur: Blieder-Mandalaen, Kropemännecher, Zapfe-Skulpturen, Schuele-Booter, Bam-Graffitien, an, an, an
Naturschoul