Aktivitéiten
De Bauer, Produzent vun eise Liewensmëttelen
(Nëmme fir Klassen aus der Gemeng Déifferdeng) Um Scheierhaff zu Zolwer. Mär besichen ee Mëllechbauer a loossen eis erklären wat d’Oarbecht vum Bauer ass. Mär kucke, wei d’Kéi gestrach ginn a kënnen eventuell och bei e puer Oarbechten eng Hand mat upaken.
Lénks a riets vun der Crosnière
Mir ginn laanscht d’Crosnière zu Lasauvage an ënnersichen d’Baach op e puer Plaatzen. Duerno siche mir och no interessanten Blummen an eventuell Orchideen um Sentier de la Crosnière. Dës Unitéit fënnt am Prinzip statt ab Mëtt Juni….
Birdwatchday
Mir huelen eis Spektiven an eis longue-vue mat eraus a maachen eis op d’Sich no interessanten a flotte Villecher. Dës Unitéit kann och emol op enger anerer Plaatz duerchgefouert ginn falls zu enger bestëmmter Zäit op enger bestëmmter Plaatz interessant Villecher ze gesinn sinn (z.B. Haff Réimech, Giele Botter, Kiermerchen….)
Wat maachen d’Beiefra an de Beiemann am Wanter?
Mir kucken zesummen, wat dem Imker an der Imkerin hir Aarbechten am Wanter sinn, géisse Kärze mat Beiewuess, bake mat Hunneg a bastele selwer vläit e puer Beierummen a….
Bionik
Zwësche Biologie an Technik. Wat kann de Mënsch der Natur ofkucken a fir d’Technik gewannen?
Bichen, Elleren, Eechen an all hir Kollegen
Mir léieren déi gängegst lëtzebuerger Beem kennen. Spillen, bestëmmen, sammelen, sichen, taaschten….
An der Hexekichen
Wee war déi wëll Fra vun Zowaasch? Zesumme beäntwerte mer dës Fro, a léieren eng ganz Rei Heel- a Gëftpflanzen kennen, esou wéi hir Uwendungen a Kichen, Medizin an Alldag.
Naturschoul