Aktivitéiten
Symbiosis
Munchmol kann ee verschidden Aufgaben net anescht léisen wei an der Grupp, wou ee sech och op deen anere muss verloosse kënnen. Wann dës Aufgaben dann am Bësch op een zou kommen da kann dat ganz interessant ginn. Mat e puer flotten Naturspiller wëlle mir de Kanner an de Klasse weisen dat och vu Virdeel […]
Spiechte, Baumeeschter am Bësch
Dinn se sech beim Hummeren net wéi? Zu wéi engem Zweck eigentlech dat ganzt Geklapps do? Wi vill Zorten hu mer eigentlech bei eis? An der Naturschoul hu mer se an ausgestoppter Form an do kucke mer eis se genee un. An da gi mer op d’Sich no dem Woodpecker senge Spueren am Bësch a […]
Seejomëss
Seejomes, Jeesomes, Jäjomes, Seechmummes, Omes …, vill Nimm fir dat wibbelegt Insekt, dat eis Kanner gär Ameis nennen. Mär ginn op d’Sich no hiren Näschter a léieren all Méigleches, vun hirer grousser Kraaft bis bei d’Fro, ob all Jeejomes eng Kéier an hirem Liewe Flillécken huet.
Natur am Wanter
Di verschidde Strategien vun den Déier an de Planzen fir de Wanter ze iwwerliewen. Mär ginn an de Bësch, un de Weier a bei d’Beienhaus.
Am Goart: Muerten, Poretten a co…
Wat muss alles am Gaart geschafft ginn? Wat heescht repikéieren, séinen, kappen, reechen, asw. – a wéi mécht een dat?Dat alles léiere mer an eisem Schoulgoart dem “Paradäis”
Hunneg schleideren
(Den Datum muss spontan décidéiert ginn – d’Wieder an d’Beien décidéieren. Nëmme fir Klassen aus de Gemengen Déifferdeng a Péiteng) Wann eis Beien am Fréijor fläisseg sinn, ass den Imker frou, well da kritt e vill Hunneg. Dee kënnt awer net vum selwen an d’Glas. Dofir brauche mer Hëllef vu jonke stoarken Hänn. Den Datum […]
Mär maache Viz
Et besteet och d’Méiglechkeet ee Kelter an d’Schoul geliwwert ze kréie fir selwer Viz ze maachen.
Meteorologie
Wei gëtt d’Wieder gemooss? Wei kann ee Prévisoune maachen? Wat sinn interessant Wiederphänomener? Alles dat kucke mir eis zesummen un. Bei guddem Wieder loosse mer och ee Solarzeppelin an d’Lut goen.
Mat Kaart a Kompass duerch Lasauvage
Mär schaffe mat groussen a klenge Koarten, benotzen ee Kompass, man ee Rallye duerch Zowaasch.
Naturschoul