Aktivitéiten
Rallye Hondsbësch
Mär starte bei der Meedechers-Schoul, ginn iwwert di nei Velos-Bréck, lénks vum Hondsbësch-Denkmal rop bei den Tagebau an d’Entrées de mine, laanscht d’Spidol a komme beim Hondsbësch-Denkmal nees eraus. Zentrums-Klasse ginn d’rue Winterthur erop an den Hondsbësch a kommen herno gemittlech iwwert de Velos-Wee laascht den Zuch zeréck. Fir d’Saach spannend ze man, kritt all […]
Rallye Hondsbësch + Duerf Nidderkuer
Mär starte beim Hondsbësch-Denkmal, gi bei d’Entrées de mine an duerch d’Meeën an d’Duerf mam Wäschbuer. Fir d’Saach spannend ze man, kritt all Kand ee Froebou zu Fauna, Flora, Geographie a Geschicht. Ab C3.2 méiglech, C4 passt besser.
Rallye Rattem
Mär gi beim Peschtkräiz laanscht den H20 erop op di beschtbekannte Kopp zu Uewerkuer a zeréck. Fir d’Saach spannend ze man, kritt all Kand ee Froebou zu Fauna, Flora, Geographie a Geschicht. Ab C3.2 méiglech, C4 passt besser.
Rallye Uewerkuer
Mär ginn iwwert d’Schwoarz Bréck bei de Korspronk, op de Ronnebierg an iwwert de Kiemerchen an de Kazebësch zeréck. Fir d’Saach spannend ze man, kritt all Kand ee Froebou zu Fauna, Flora, Geographie a Geschicht. Ab C3.2 méiglech, C4 passt besser.
Rallye Thillebierg
Mär starte beim Red-Boys-Terrain a ginn iwwert de Carreau duerch de Wangert a laanscht den Äppelbësch erop bei de Kannerbongert an dann duerch de Bësch zeréck . Fir d’Saach spannend ze man, kritt all Kand ee Froebou zu Fauna, Flora, Geographie a Geschicht. Ab C3.2 méiglech, C4 passt besser.
Recyclingzenter Déifferdeng
Dir maach eng Visitt vun enger gudder Stonn um Recyclinghaff. Et ass keen vun der Naturschoul derbäi. Mir organiséieren iech awer den Transport. An de Woche virdrun kënnt dir och an der Schoul Material sammelen fir duerno am Recycling “richteg” ofzeliwweren
De Waassergaart op der Zowaasch
Wat gouf fréier mat deene Basénge am Zowaascher “Paradäis” gemaach. Wei kann een d’Waasser an d’Waasserkraft technesch notzen. Mir bauen kleng technesch Virrichtungen a probéieren dei dann och um Waasser aus.
Fair Breakfast
(Leider nëmme fir Klassen aus de Gemengen Déifferdeng a Péiteng) Nodeems mer gemittlech zesumme “Kaffi gedronk” hunn – natierlech mat fair gehandelte Produiten: Gebeess, Schokelasbotter, Jus, Téi, Stoffi a Botter….-, kucke mer eis eng kleng Ausstellung un a léieren duerch Aktivitéiten a Spiller mei genee, wat fairen Handel ass. Vu Kakao a Schokela gi mer […]
Eise Geo-Cache
Wee rett di verluere Séil vum Grof Saitignon? Ee Multi-Cache duerch Lasauvage an d’Natur ronderëm Lasauvage. Mat GPS-Navië ginn d’Kanner op d’Sich nom Geheimnis vum Grof Saintignon. Ab der éischter Statioun am Musée kréien d’Kanner duerch di richteg Äntwert op eng interessant Fro de Schlëssel fir d’Koordinate vun der jeweils nächster Statioun. Sou léiere se […]
Naturschoul